Scholdefong!

Blog-Scholdefong« Was lang währt wird endlich gut », kann ee bei villen Iddiën a Projetën soen. Dat gëllt och fir d’Aféieren vun engem « Zukunftsfong », engem « fonds souverain ». Zënter Joeren gëtt e vu ville Säiten gefuedert an elo gi Neel mat Käpp gemaacht : bei der Presentatioun vum Budgetsprojet fir 2015, huet de Finanzminister Pierre Gramegna d’Schafen vun engem « Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg » annoncéiert.

Mat him solle Reserven gemaacht (an investéiert) gi fir d’finanziell Zukunft vum Land ze sécheren. Dat ass ee staarkt Signal, besonnesch u déi jonk a nächst Generatiounen. An engems ass d’Manéier schwaach well si zu Laaschten vun deenen Jonken geet.

An de Zukunftsfong sollen all Joers 50 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kommen:

  • 25 Milliounen vum e-commerce a 25 Milliounen vun den Accisen um Bensin.

Dës Milliounen ginn u sech am Budget gebraucht well deen am Minus a net am Plus ass. Fir dat Lach ze fëllen, huet de Staat keen aneren Choix wéi Scholden ze maachen. Den Zukunftsfong gëtt also a Moment, an esou laang de Staatsbudget am Defizit ass, mat Scholden bezuelt. Absurd, wann ee wees, dat et mat deem Fong jo graad drëms goen soll, fir de nächste Generatiounen manner Scholden ze hannerloossen.

Mat dëser Decisioun hannergeet d’Regierung d’Philsophie vun engem Fonds souverain. Deen ass nämlech geduecht, fir a gudden Zäiten een Deel vun den Iwwerschëss am Staatsbudget op d’Säit ze leeën fir Zäiten wou et manner gutt geet. An net fir a schlechten Zäiten een Deel vum Defizit op d’Säit ze leeën an doduerch d’Schold weider erop ze sëtzen.

Wat d’Regierung also maachen misst, dat ass fir d’Eischt de Staatsbudget a den Equiliber respektiv nees a de Plus ze bréngen a dann eréicht mam Fëllen vum Zukunftsfong unzefänken. Dat ka natierlech nach eng Rei Joeren daueren an engems et ass eng absolut Konditioun fir dat dee Fong och Sënn mécht.

Nach ass näischt geschitt, well de Fong nach net um Liewen ass. Dat soll am Dezember an der Chamber mam Vote vum Budget 2015 geschéien. Dee Moment ass d’CSV gefuedert, fir d’Manéier vun der Regierung a Fro ze stellen an ze soen wéi mir et gemaacht hätten. Nämlech fir d’éischt an der Chamber ze klären

  • wéi d’Struktur an d’Organisatioun vu deem Fong soll ausgesinn ;
  • wéi eng Recetten dra kommen ;
  • ob de Pensiounsfong an d’Partizipatioune déi Staat an Entreprisen huet, mat integréiert ginn ;
  • wéi d’Investitiounspolitik vum Fong soll sinn ;
  • wéivill Prozent vum Fong aktiv agesaat ginn ;
  • ween dee Fong geréiert an iwwerwaacht gëtt ;
  • wéi d’Chamber de Fong kontrolléiere kann;
  • dat eréicht da Suen a dee Fong kommen kënne wa de Staatsbudget nees een Iwwwerschoss huet.

Nëmme wann all dës Punkten kloer sinn, schaafe mir een zolidden Fong dee och Sënn mécht ! A nëmme da kann ee vun engem richtegem Zukunftsfong schwätzen. Bis elo ass et héchstens ee zukünftegen Scholdefong !


Hei nach zwou interessant Analysen iwwert der Regierung hiren Fonds souverain :

  • SINNER Michèle, Robbing Peter to pay Paul, am Lëtzebuerger Land, Editioun vum 24. Oktober 2014, op de Säiten 2 an 3,
  • BUMB Christoph, Schulden auf der hohen Kante, am Luxemburger Wort, Editioun vum 31. Oktober 2014, op der Säit 2.

No de Schotten, d’CSV?

Blog-Primairen

Foto: flickr/photos.com

Schottland bleift Deel vum Vereente Kinnékräich. Dat hu 55% vu den Awunner aus dem Norden vu der Insel decidéiert. Ganz demokratesch, mat Hëllef vun engem Referendum. Dës direkt Form vu Demokratie gëtt gäeren da benotzt, wann et ëm fundamental Froen geet. Wéi eben déi, ob een Deel vun engem Land soll onofhängeg ginn oder net.

Och zu Lëtzebuerg huet déi nei Regierung wëlles Referenden zu wichtege politesche Sujetën ze maachen. Dat Ganzt am Kader vu der Verfaassungreform, iwwert déi d’Vollék och entscheede soll. Weider liesen

Eng Kandidatur. Ee Projet. Mir, d’CSV.

Blog-Programm-Mir-d'CSV

Foto: flickr.com/photos

D’CSV, dat si mir All. Iwwer 10.000 Memberen. Jidder eenzele vun eis. Zesummen.

Zesummen, si mir eng Memberpartei. Bei eis, sti mir am Mëttelpunkt. Ob Jonk oder Al. Fra oder Mann.

Zesummen, si mir eng Vollekspartei. Bei eis, huet all Bierger, deen hei wunnt, eng Plaz. Ob Lëtzebuerger oder net.  Ob Patron oder Salarié.

Zesummen, sti mir mëtten an der Gesellschaft. Aus hir eraus maache mir Politik. Fir d’Land. Fir Europa.

Zesummen, sti mir op zoliddem Buedem. Op eise Strukturen. Eise Wäerter: Allgemengwuel, Personalimus, Subsidaritéit, Solidaritéit.

Dës Wäerter bréngen mir ëmmer ërem mat den Defieë vun der Zäit an d’Gläichgewiicht. Un hinnen orientéiere mir eis. Mir liewe si selwer. Dobaussen an an der Partei.

Dat bedeit, datt mir matmaachen, matschwätzen, matentscheeden.

Wat dee Projet konkret bedeit, dat kënnt dir hei als PDF-Dokument liesen: Mir-d’CSV

Mir, d’CSV.

Foto: flickr.com/photos

Foto: flickr.com/photos

Zënter dem Ufank vum Joer ass an der CSV eng nei Dynamik ze spieren. Dat d’Partei an der Oppositioun ass, motivéiert eis Membere richteg. Op den Neijoersreceptiounen a Kongresser waren der méi do wéi soss. An déi Meescht vun hinne wëllen aktiv partizipéieren.  Hirt Wëssen, hir Zäit, hir Energie, hir Iddien asëtze fir d’CSV an d’Land weider ze entwéckelen.

Wéi kënne mir dat ganzt Potenzial vun eisen 10.000 Memberen nach besser asëtzen? D’Fonctionnement vun der CSV un d’Erausfuerderungen vun der Oppositiounszäit upassen? Déi modern Partei aus der Mëtt vun der Gesellschaft bleiwen?

Op dës Froe gëllt et an den nächste Wochen a Méint Äntwerten ze fannen. An enger oppener a konstruktiver Diskussioun mat der ganzer Partei. Ech géif gären, mat konkrete Virschléi, mäin Deel dozou bäidroen an dee Prozess mat begleeden. Dofir stellen ech meng Kandidatur fir Generalsekretär ze ginn.

Alleng ka keen dat maachen. Et muss eng kollektiv Aarbecht sinn. Jidderee gëtt gebraucht. Well mir all sinn d’CSV.

Zurück in die Zukunft!

Blog-Zukunftsfong

Foto: filckr.com/photos

„Les larmes du passé fécondent l’avenir“. Die Worte des französischen Dichters Alfred de Musset ermahnen uns, uns selbst beschwerliche Erfahrungen für bevorstehende Herausforderungen zu Nutze zu machen. Oder anders ausgedrückt: aus der Vergangenheit lernen um die Zukunft besser vorzubereiten. Das gilt für den einzelnen Menschen genauso, wie für ein ganzes Land. Weider liesen

Eine Jugendtripartite!

Foto: flickr.com/photos

Foto: flickr.com/photos

Angesichts der zahlreichen Herausforderungen denen sich die Jugendlichen in einem gegenwärtigen schwierigen Umfeld stellen müssen, teilt die CSJ die Idee vom CSV-Fraktionsvorsitzenden Marc Spautz, einen „Jugendtisch“ einzuberufen. Die CSJ geht aber noch einen Schritt weiter und fordert eine regelrechte, formelle „Jugendtripartite“, zwischen der Regierung, dem Parlament und einer repräsentativen Delegation der Jugend. Weider liesen

Perspektiven für 2013.

Perspektive-2013-2

Foto: flickr.com/photos

Perspicere. Ein Wort aus der Vergangenheit. Das nunmehr für die Zukunft steht. Für die alten Römer bedeutete es durch einen Raum zusehen. Durchblicken. Für uns hingegen wurde es zur Perspektive. Zur Aussicht. Dem Blick ins neue Jahr. Das soeben begonnen hat. Mit seinen neuen Möglichkeiten. Neuen Perspektiven eben. Auch für unser Land.

Wie die Perspektive für unsere Schulen, das Potenzial der Kinder und Jugendlichen besser zu nutzen. Durch eine individuelle Betreuung. Eine Anleitung zu mehr Autonomie. Eine gezielte Förderung ihrer Stärken. Die Ermutigung an sich selbst zu glauben. Über sich hinauszuwachsen. Im Lernen Erfüllung und keine lästige Pflichtübung zu sehen. Und somit sein maximales Leistungsvermögen zu erlangen. Einen Abschluss zu machen und die Möglichkeit zu bekommen, sich weiterzubilden. Weider liesen

Pefferkär.

Foto: flickr.com/photos

De Budget 2013 gëtt amendéiert. Op Initiativ vun deenen zwou Majoritéitsfraktiounen. Un sech hunn si just hir institutionnell Roll gespillt: d‘Regierung ze kontrolléieren a där hir Gesetzesprojeten ze verbesseren falls dat néideg ass. Well d’Gesetzer ginn nach ëmmer vun der Chamber gestëmmt. Weider liesen