Dëst Joer ginn et 10 Joer, datt Lëtzebuerg eng Universitéit huet. Am Laf vun deem Joerzéngt ass villes geschitt: nei Diplomer si geschafe ginn, nei Professere si rekrutéiert ginn, nei Fuerschungsprojete si lancéiert ginn, nei Gebaier sinn am gaangen zu Esch-Belval ze entstoen an nei Studente sinn dobäi komm. An der Tëschenzäit studéiere well op der Universitéit Lëtzebuerg eng 6.200 Studenten. Déi Studente kommen aus deenen verschiddenste Länner (100 verschidden Nationalitéiten) och wann d’Majoritéit dovunner nach vu Lëtzebuerg ass. Weider liesen