« Mat oppenem Viséier ». Dës Expressioun kënnt aus der Zäit vun de Ritteren, déi u hirem Helm ee Viséier hate fir hirt Gesiit kënne ze schützen. Dat Viséier konnte si mat der Hand op- an zoumaachen. Vu deem Geste kënnt de militäreschen Salut vu haut (wann d’Zaldoten mat der Hand uschloen). D’Viséier opgemaacht hu d’Ritteren net nëmmen wa si net a Gefor waren oder fir besser kënne ze gesinn. Si hunn et och aus Héiflechkeet gemaacht wa si zum Beispill engem Moien gesoot hunn oder wa si mat engem schwätze wollten. Esou konnt jidderee gesi wien sech hannert dem Viséier verstoppt. Doraus ass mat der Zäit d’Expressioun « mat oppenem Viséier » ginn, dat heescht dat ee sech weist, dat een eppes ganz oppe seet. Also net hannert engem séngem Réck. Weider liesen
Tag-Archiv fir ‘Primairen’
No de Schotten, d’CSV?
Schottland bleift Deel vum Vereente Kinnékräich. Dat hu 55% vu den Awunner aus dem Norden vu der Insel decidéiert. Ganz demokratesch, mat Hëllef vun engem Referendum. Dës direkt Form vu Demokratie gëtt gäeren da benotzt, wann et ëm fundamental Froen geet. Wéi eben déi, ob een Deel vun engem Land soll onofhängeg ginn oder net.
Och zu Lëtzebuerg huet déi nei Regierung wëlles Referenden zu wichtege politesche Sujetën ze maachen. Dat Ganzt am Kader vu der Verfaassungreform, iwwert déi d’Vollék och entscheede soll. Weider liesen