« Mat oppenem Viséier ». Dës Expressioun kënnt aus der Zäit vun de Ritteren, déi u hirem Helm ee Viséier hate fir hirt Gesiit kënne ze schützen. Dat Viséier konnte si mat der Hand op- an zoumaachen. Vu deem Geste kënnt de militäreschen Salut vu haut (wann d’Zaldoten mat der Hand uschloen). D’Viséier opgemaacht hu d’Ritteren net nëmmen wa si net a Gefor waren oder fir besser kënne ze gesinn. Si hunn et och aus Héiflechkeet gemaacht wa si zum Beispill engem Moien gesoot hunn oder wa si mat engem schwätze wollten. Esou konnt jidderee gesi wien sech hannert dem Viséier verstoppt. Doraus ass mat der Zäit d’Expressioun « mat oppenem Viséier » ginn, dat heescht dat ee sech weist, dat een eppes ganz oppe seet. Also net hannert engem séngem Réck. Weider liesen
Tag-Archiv fir ‘Engagement’
No de Schotten, d’CSV?
Schottland bleift Deel vum Vereente Kinnékräich. Dat hu 55% vu den Awunner aus dem Norden vu der Insel decidéiert. Ganz demokratesch, mat Hëllef vun engem Referendum. Dës direkt Form vu Demokratie gëtt gäeren da benotzt, wann et ëm fundamental Froen geet. Wéi eben déi, ob een Deel vun engem Land soll onofhängeg ginn oder net.
Och zu Lëtzebuerg huet déi nei Regierung wëlles Referenden zu wichtege politesche Sujetën ze maachen. Dat Ganzt am Kader vu der Verfaassungreform, iwwert déi d’Vollék och entscheede soll. Weider liesen
Eng Kandidatur. Ee Projet. Mir, d’CSV.
D’CSV, dat si mir All. Iwwer 10.000 Memberen. Jidder eenzele vun eis. Zesummen.
Zesummen, si mir eng Memberpartei. Bei eis, sti mir am Mëttelpunkt. Ob Jonk oder Al. Fra oder Mann.
Zesummen, si mir eng Vollekspartei. Bei eis, huet all Bierger, deen hei wunnt, eng Plaz. Ob Lëtzebuerger oder net. Ob Patron oder Salarié.
Zesummen, sti mir mëtten an der Gesellschaft. Aus hir eraus maache mir Politik. Fir d’Land. Fir Europa.
Zesummen, sti mir op zoliddem Buedem. Op eise Strukturen. Eise Wäerter: Allgemengwuel, Personalimus, Subsidaritéit, Solidaritéit.
Dës Wäerter bréngen mir ëmmer ërem mat den Defieë vun der Zäit an d’Gläichgewiicht. Un hinnen orientéiere mir eis. Mir liewe si selwer. Dobaussen an an der Partei.
Dat bedeit, datt mir matmaachen, matschwätzen, matentscheeden.
Wat dee Projet konkret bedeit, dat kënnt dir hei als PDF-Dokument liesen: Mir-d’CSV
Mir, d’CSV.
Zënter dem Ufank vum Joer ass an der CSV eng nei Dynamik ze spieren. Dat d’Partei an der Oppositioun ass, motivéiert eis Membere richteg. Op den Neijoersreceptiounen a Kongresser waren der méi do wéi soss. An déi Meescht vun hinne wëllen aktiv partizipéieren. Hirt Wëssen, hir Zäit, hir Energie, hir Iddien asëtze fir d’CSV an d’Land weider ze entwéckelen.
Wéi kënne mir dat ganzt Potenzial vun eisen 10.000 Memberen nach besser asëtzen? D’Fonctionnement vun der CSV un d’Erausfuerderungen vun der Oppositiounszäit upassen? Déi modern Partei aus der Mëtt vun der Gesellschaft bleiwen?
Op dës Froe gëllt et an den nächste Wochen a Méint Äntwerten ze fannen. An enger oppener a konstruktiver Diskussioun mat der ganzer Partei. Ech géif gären, mat konkrete Virschléi, mäin Deel dozou bäidroen an dee Prozess mat begleeden. Dofir stellen ech meng Kandidatur fir Generalsekretär ze ginn.
Alleng ka keen dat maachen. Et muss eng kollektiv Aarbecht sinn. Jidderee gëtt gebraucht. Well mir all sinn d’CSV.
Eine Jugendtripartite!
Angesichts der zahlreichen Herausforderungen denen sich die Jugendlichen in einem gegenwärtigen schwierigen Umfeld stellen müssen, teilt die CSJ die Idee vom CSV-Fraktionsvorsitzenden Marc Spautz, einen „Jugendtisch“ einzuberufen. Die CSJ geht aber noch einen Schritt weiter und fordert eine regelrechte, formelle „Jugendtripartite“, zwischen der Regierung, dem Parlament und einer repräsentativen Delegation der Jugend. Weider liesen