Some users are more equal…

Foto: flickr.com/photos

Den Internet soll fräi sinn a jidfereen soll Accès dozou hunn. Dat ass d’Grondphilosophie vun deem Medium. Do mat verbonnen soll méi sozial Gläichheet sinn. Mä ass dat och wirklech  de Fall ?

Déi Fro stellen sech vill Léit. Ennert anerem d’Mme Nadia Kutscher. Professer Dokter an « Sozialwesen » op der Katholischen Hochschule Nordrhein-Westfalen.  Virun e puer Deeg wor si an d’Medienkommissioun vun der Chamber invitéiert. D’Geleenheet fir si, dem Parlament hir Analyse vun der sozialer Ongläichheet am Internet virzestellen. Weider liesen

Pefferkär.

Foto: flickr.com/photos

De Budget 2013 gëtt amendéiert. Op Initiativ vun deenen zwou Majoritéitsfraktiounen. Un sech hunn si just hir institutionnell Roll gespillt: d‘Regierung ze kontrolléieren a där hir Gesetzesprojeten ze verbesseren falls dat néideg ass. Well d’Gesetzer ginn nach ëmmer vun der Chamber gestëmmt. Weider liesen

Générations sacrifiées

Foto: upload.wikimedia.org

To some generations much is given. Of other generations much is expected.

Dat soot de fréieren amerikanschen President Franklin D. Roosevelt. Am Joer 1936. An mat dësen Wieder huet och de franzéischen Soziologe Louis Chauvel säin Exposé ugefaangen. Am Joer 2012. Op der « Journée de l’assurance ». D’Thema wor d’Relatioun tëschent de Generatiounen. Déi huet de Professer vun der Uni Lëtzebuerg a sëllechen Studien analyséiert. An hien kënnt zur Konklusioun, dat verlueren Generatiounen am gaangen sinn ze entstoen. « générations sacrifiées » nennt hien et. Weider liesen

10 Geboter. Fir den Internet ?

Foto: flickr.com/photos

Vum 17. bis den 18. Oktober wor de Kongress vun der Europäescher Vollékspartei (EVP) zu Bukarest. An do ass och iwwert „d’Fräiheet am Zäitalter vum Internet“ nogeduecht ginn. Dobäi erauskomm sinn „10. Geboter“ fir den Internet. Weider liesen