“De Serge Wilmes hëlt de Lieser mat hannert d’Kulisse vun der Chamber, andeems hien en Ausfluch an d’Geschicht vun der Institutioun an an de Quartier, an deem se sech befënnt, mécht. (…) An net zulescht verwinnt hien de Lieser mat enger Abberzuel vu klengen, awer ausnahmslos interessante Facetten, déi engem bis elo nach net esou bekannt waren.” Laurent Mosar, President vun der Chamber Weider liesen
Aus der Chamber
Fräi politesch Tribün op RTL mam Serge Wilmes
Hei den Audio vum Serge Wilmes senger fräier politescher Tribün: 06.05.2013 Parteipolitesch Emissioun CSV.mp3
Wunns du schon?
Dëst Joer ginn et 10 Joer, datt Lëtzebuerg eng Universitéit huet. Am Laf vun deem Joerzéngt ass villes geschitt: nei Diplomer si geschafe ginn, nei Professere si rekrutéiert ginn, nei Fuerschungsprojete si lancéiert ginn, nei Gebaier sinn am gaangen zu Esch-Belval ze entstoen an nei Studente sinn dobäi komm. An der Tëschenzäit studéiere well op der Universitéit Lëtzebuerg eng 6.200 Studenten. Déi Studente kommen aus deenen verschiddenste Länner (100 verschidden Nationalitéiten) och wann d’Majoritéit dovunner nach vu Lëtzebuerg ass. Weider liesen
Zevill gedronk…
Den Alkohol an eiser Gesellschaft. Dat ass ee Sujet, deen ëmmer nees diskutéiert gëtt. Besonnesch d’Froe vun ewéi engem Alter un een drénken däerf an ewéi vill een es drénke soll? Jiddereen huet hei eng Meenung dozou. An dës ginn dacks wäit auserneen. Wann een awer op d’Doktere lauschtert, dann ass et relativ kloer: ze vill Alkohol ass net gutt. Genee ewéi wann een ze fréi domadden ufänkt. Et kënnt op dat richtegt Moos un. Weider liesen
D’nei Bréck.
Wéi Alles ugefaangen huet.
London. Mee 1867. Vertrieder vun de groussen europäesche Länner treffen sech. Fir ee Krich ze verhënneren. Ee Krich tëschent Frankräich a Preisen. De Napoléon den III. wollt nämlech Lëtzebuerg kafen. De preisesche Kanzel Bismarck wor awer dogéint. Fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze klären, ass dofir an der britescher Haaptstad ee Kongress organiséiert ginn. Den 11. Mee 1867, gëtt dann een Traité ënnerschriwwen. Weider liesen
ARBED, sold out?
Haut huet Arcelor-Mittal annoncéiert, dat den historesch Sëtz vun der fréierer ARBED op der Neier Avenue géif eidel gemaach ginn. Vun engem Verkaaf geet zwar net riets mä verschidden lëtzebuerger Medien beruffen sech op Sourcen déi soen, dat dëst geschwënn de Fall soll sinn. Dat historesch Gebai vun der ARBED gehéiert zum architektoneschen an kulturellen Patrimoine vun der Stad an dem Land. Weider liesen
La participation du Luxembourg aux expositions universelles
Une question parlementaire de Monsieur le député Serge Wilmes à Monsieur le Ministre de l’Economie et du Commerce extérieur
Een Tram fir Lëtzebuerg
An der Chamber war eng Orientéierungsdebatt iwwert de MODU, dat neit Mobilitéitskonzept fir Lëtzebuerg, an dem den Tram eng ganz wiesentlech Roll spillt. Fir CSV huet de Serge Wilmes Stellung geholl an eng Motioun deposéiert déi een hei kann noliesen
Les cures médicales offertes au Domaine Thermal de Mondorf
Une question parlementaire de Messieurs les députés Serge Wilmes et Marcel Oberweis et de Madame la députée Marie-Josée Frank à Monsieur le Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale
Le programme européen « Fundamental Rights and Citizenship »
Une question parlementaire de Monsieur le député Serge Wilmes à Monsieur le Premier Ministre et Ministre d’Etat.