« Mat oppenem Viséier ». Dës Expressioun kënnt aus der Zäit vun de Ritteren, déi u hirem Helm ee Viséier hate fir hirt Gesiit kënne ze schützen. Dat Viséier konnte si mat der Hand op- an zoumaachen. Vu deem Geste kënnt de militäreschen Salut vu haut (wann d’Zaldoten mat der Hand uschloen). D’Viséier opgemaacht hu d’Ritteren net nëmmen wa si net a Gefor waren oder fir besser kënne ze gesinn. Si hunn et och aus Héiflechkeet gemaacht wa si zum Beispill engem Moien gesoot hunn oder wa si mat engem schwätze wollten. Esou konnt jidderee gesi wien sech hannert dem Viséier verstoppt. Doraus ass mat der Zäit d’Expressioun « mat oppenem Viséier » ginn, dat heescht dat ee sech weist, dat een eppes ganz oppe seet. Also net hannert engem séngem Réck.
Dës Woch ass dee Message och vu der CSV-Spëtzt un d’Adress vu méigleche Kritiker gaangen. Dat, nodeems e Méindenowend an engem Artikel op wort.lu ze liese war, dat et Stëmmen a der Partei géif ginn, déi no der SMS-Episode mengen, dat de Parteipresident soll ophalen. D’Partei huet dat an engem Communiqué dementéiert a jidereen deen der Meenung ass, dat de Parteipresident soll goen, gefroot fir dat riit eraus ze soen. Eben mat « oppenem Viséier » ze kämpfen. Bis haut ass allerdéngs keng esou eng Fuederung méi no komm.
An engems ass et gutt, dat d’Partei sech well kloer an ëffentlech fir oppe Kritik asëtzt. Dat ass een éischte Schratt a Richtung vun enger oppener an éierlecher Diskussiounkultur déi et an enger Partei wéi der CSV muss ginn. Besonnesch wa si eng modern Vollékspartei aus dem 21. Joerhonnert wëll sinn. Mat « oppenem Viséier » schaffen bedeit niewend enger fräier, interner an externer Diskussoun, déi sech op Argumenter stäipt a jiderengem seng Meenung respektéiert och, dat an Zukunft jidderee deen an der Partei gäeren Verantwortung iwwerhuele wëll, dat oppen mécht. Et geet net méi duer, dat an engem klénge Kreess gekuckt gëtt, ween seng Kandidatur fir ee Parteiposten respektiv fir d’Wahlen stellt, mä dat muss an engem transparenten, basisdemokrateschem Prozess gescheien.
An da sinn mir nees bei de Primairen als eng vun de Méiglechkeeten fir dat an Zukunft kënnen ze maachen. Si hunn de Virdeel, dat all Kandidat seng Kandidatur ëffentlech deklaréieren muss an och kloer soen muss, firwaat hien gäeren ee Posten hätt respektiv gäere mat an d’Wahlen geet. Doduerch gëtt verhënnert dat et hannenerëms geet a garantéiert dat jidderee « mat oppenem Viséier » kämpft.
D’Parteispëtzt huet sech dës Woch kloer dofir agesaat, mä mat « put up or shut up » geet et net duer. Si muss hir eegen Wieder elo zesummen mat de Parteimemberen ëmsëtzen. « Des actes et ne plus que des paroles ».
0 Äntwerten to “A propos “mat oppenem Viséier”…”