Schottland bleift Deel vum Vereente Kinnékräich. Dat hu 55% vu den Awunner aus dem Norden vu der Insel decidéiert. Ganz demokratesch, mat Hëllef vun engem Referendum. Dës direkt Form vu Demokratie gëtt gäeren da benotzt, wann et ëm fundamental Froen geet. Wéi eben déi, ob een Deel vun engem Land soll onofhängeg ginn oder net.
Och zu Lëtzebuerg huet déi nei Regierung wëlles Referenden zu wichtege politesche Sujetën ze maachen. Dat Ganzt am Kader vu der Verfaassungreform, iwwert déi d’Vollék och entscheede soll.
Direkt matagebonne ze ginn, wann et ëm de Wee geet deen ee zesumme goe wëll, dat gëllt fir all Grupp vu Mënschen also och fir eng Partei. Besonnesch fir eng Volléks- a Memberspartei wéi d’CSV, wou jidder eenzele vu deene 10.000 Memberen ziele soll.
Zesumme solle d’Memberen entscheede kënnen a wéi eng Richtung d’CSV geet. Zesumme wéi eng Persoune si dohinner féiere sollen. Zesummen, nom Prinzip : ee Member, eng Stëmm.
Sief dat mat Hëllef vu traditionelle Moyenën (d’Comitéën, d’Strukturen vun der Partei) oder mat neie Mëttelen (Online, nei Diskussiouns- an Decisiounsstrukturen). Graad d’Oppositiounszäit bidd der CSV dës Chance : d’Méiglechkeet fir dat ganzt Potential vu hire Memberen nach besser ze notzen, sech nach méi op si ze stäipen. An dofir soll d’Partei dat och maachen an deems si d’Decisioun iwwert déi nächst Partei- a Wahlprogrammer, déi nächst Spëtzepositiounen an der Partei a fir d’Wahlen, an d’Hänn vu hire Memberen leet.
Natierliech geet dat net vu selwen. Et muss ee Modell mat präzise Prozeduren definiéiert ginn. An engems kann een sech hei u Beispiller aus dem Ausland orientéieren wou z.B. a Frankräich dem Parti Socialiste seng Memberen (a jidder Fransous dee matmaache wollt) hire Kandidat fir d’Presidentewahlen 2012 an enger Primaire erausgesicht huet. D’UMP wëll dat fir d’Wahlen vun 2017 och maachen. Oder an Däitschland, wou d’SPD d’lescht Joer seng Memberen iwwert de Koalitiounsaccord mat der CDU-CSU stëmme gelooss huet.
Esou ee basisdemokratesche Prozess, géif eng Volléks- a Memberspartei wéi d’CSV dynamiséieren a moderniséieren. An virun allem géife der Partei hire politesch Positiounen an hir Vertrieder doduerch gestäerkt ginn : wat méi Memberen matmaachen a matentscheeden, wat et méi eng grouss Diskussioun, Identifikatioun a virun allem Legitimatioun wäert ginn.
Egalwéi ass méi Demokratie ëmmer der wäert. Dat hu d’Schotte gewisen.
0 Äntwerten to “No de Schotten, d’CSV?”