“De Serge Wilmes hëlt de Lieser mat hannert d’Kulisse vun der Chamber, andeems hien en Ausfluch an d’Geschicht vun der Institutioun an an de Quartier, an deem se sech befënnt, mécht. (…) An net zulescht verwinnt hien de Lieser mat enger Abberzuel vu klengen, awer ausnahmslos interessante Facetten, déi engem bis elo nach net esou bekannt waren.” Laurent Mosar, President vun der Chamber
Dëst Buch ass an all gutt Librairie ze fannen a kascht 24 Euro. Wann dir gäeren eng perséinlech Dedikass vum Auteur wëllt hunn, dann kommt op d’Signéierstonn an der Libo-Gare e Mëttwoch 3. Oktober vun 12.00 bis 14.00 Auer oder am “Lët’z Go Local Market” zu Hollerech am CarréRotondes zu Hollerech e Samsden 5. Oktober (11 bis 12 Auer) an e Sonnden 6. Oktober (15 bis 16 Auer).
0 Äntwerten to “C wéi Crémant. D’Chamber vun A bis Z.”