Weis wat’s du kanns!

Luxskills 2013

Et vergeet keen Dag méi, wou net iwwert de Chômage vun deene Jonke geschwat gëtt. Dat ass och gutt esou well et ee Probleem ass. Dofir ass d’lescht Woch eréischt an der Chamber eng Reform vun de Mesure fir déi Jonk ouni Aarbecht (CAE an CIE) gestëmmt ginn. Dofir gi sech an der Politik, de Gewerkschaften an dem Patronat vill Gedanke gemaach  ewéi een deene Jonken eng Chance, eng Perspektive ka ginn.

Dat bescht Mëttel géint de Chômage ass a bleift allerdéngs een Diplom an der Täsch oder ee Beruff geléiert ze hunn. Well hei ginn et nach ëmmer eng sëlleche Méiglechkeeten. Zumools am Handwierk gi Jonker gesicht.

Wat et fir Beruffer ginn, ewéi se an der Wirklechkeet ausgesinn an wat ech léiere muss, dat alles kann ee vun haut u bis e Freiden, am Centre national de la formation professionnelle continue (CNFPC) zu Esch-Uelzecht gesinn. Do sinn am Moment “d’Luxskills 2013”, eng Zort Foire de l’Etudiant fir déi technesch a manuell Beruffer.

Hei gëtt an allen Ecken gehummert, gebuert, geschlaff, gefräst, geschnidden, geschrauft asw. An dat Schéinst ass: et sinn alles Jonker, déi dat maachen. Jonker bis 21 Joer, déi am gaange sinn ee Beruff ze léieren an déi elo beim Luxskills matmaache fir sech kënne fir d’Europameeschterschaft (Euroskills) an d’Weltmeeschterschaft (Worldskills) ze qualifizéieren. Si hunn dës Woch 22 Stonnen Zäit fir eng bestëmmten Aufgab ze léisen. Sief dat een Auto ze flécken, een Zëmmer unzesträichen, eng Maschin ze bauen oder ee Parquet ze leeën. Doniewend ginn et speziell fir d’Schoulklasse Workshopen a Stänn mat Informatiounen.

D’Luxskills sinn also een interessanten Event, deen all 2 Joer organiséiert gëtt an deen hëllefe soll, déi Jonk nees méi fir dës Beruffer ze begeeschteren. Beruffer, déi virun allem eppes bidden: eng grouss Zefriddenheet well ee konkret Resultater gesäit. Oder wat gëtt et méi Schéines, wann een no enge selleche Stonnen oder Wochen respektiv Méint, den Objet un deem ee geschafft huet, bewonnere kann an op seng Leeschtung houfreg ass?

Du bass interesséiert? Da géi laanscht kucken! Oder nach besser, léier een Handwierk a weis dass och du eppes kanns!

Hei fënns du weider Informatiounen:

0 Äntwerten to “Weis wat’s du kanns!”


Kommentaren si gespaart.