Mir liewe fir ze schaffen. Mir schaffe fir ze liewen. (2. Deel)

Foto: www.lefigaro.fr

Foto: www.lefigaro.fr

Wéivill Mensche sinn iwwerhaapt am Moment ouni Aarbecht? Hei zu Lëtzebuerg woren am Dezember 2012 ronn 17.000 Leit ouni fest Aarbechtsplaz. Dat sinn 6,4 % vun deenen déi am aktiven Alter sinn. Dobäi kommen nach eng Kéier 5.000 Leit, déi an enger provisorescher Aarbecht, ewéi enger Beschäftegungsmesure oder –initiative, sinn. Un sech ginn et also ronn 22.000 Persounen hei am Land, déi keng Aarbechtsplaz hunn. An zu gudder Lescht feelen an den offiziellen Zuelen nach all déi, déi sech net bei der ADEM oder soss enger Institutioun gemellt hunn. Wéivill der dat sinn, kann net gesot ginn. Et gëtt awer geschat, datt et nach eng Kéier e puer dausend sinn.

Dat mannst wat een also feststelle kann ass, datt d’Situatioun méi ewéi serieux ass. Besonnesch wann ee kuckt, ewéi et nach virun 10 Joer ausgesinn huet. Deemools hate mir ee Chômagetaux vun 3,4%. Dat wore ronn 6.800 Persounen ouni Plaz. An 10 Joer hu sech d’Zuelen deemno verduebelt!

Dat gëllt och fir d’Zuele vun de Jonken ouni Aarbecht. Natierlech ass de Chômage net nëmmen ee Phänomen, deen déi Jonk trëfft. An engems ginn et verschidde Kategorie vun Aarbechtslosen an dofir mussen och verschidde Mesure geholl ginn. Eben ewéi fir déi ronn 4.000, déi op der ADEM ageschriwwe  sinn a manner ewéi 30 Joer hunn.

Wat ass de Probleem mat deene Jonken? Wéisou hu si keng Aarbecht? Och hei spillen déi Grënn eng Roll, déi ech scho genannt hunn. Bei der grousser Majoritéit vun deene Jonken ass de Grond fir wat si keng Plaz hunn, deen, well si keen Diplom oder net dee richtegen hunn. Dat weisen d’Statistiken vun der ADEM ganz kloer.

  • Vun deenen 2277 Jonken ënner 25 Joer, déi keng Aarbecht hunn,
  • hunn der 41,9% just den Niveau vun enger 5ième oder 9ième;
  • 17,7% vun hinnen hunn eng 4ième/ 5ième respektiv 10ième/11ième;
  • an 32,1% eng 2ième/1ière respektiv eng 12ième/13ième;
  • Just 5,6% vun deene Jonken hu méi ewéi eng 1ière oder 13ième gemaach, also eng Universitéit oder Héichschoul.

De Chômage trëfft also besonnesch déi Jonk, déi keng oder keng héich Formatioun hunn. Dat heescht och, datt wann een een Diplom huet, een net esou séier riskéiert ouni Aarbecht do ze stoen.

Déi éischt an déi wichtegste Mesure géint de Chômage vun deene Jonken, ass a bleift eng gutt Bildung an Ausbildung. Dat kléngt banal, mä et ass d’Wourecht.  An engems bedeit dat, net jiddferengem een Diplom ze schenken. Et bedeit, datt d’Schoul dem Défi muss gerecht ginn, ze versiche fir all Jonken op säin héchste perséinlechen Niveau ze bréngen. Dat klappt haut net méi genuch an dofir muss och d’Schoul sech a Fro stellen a weiderentwéckelen. An deene leschte Joere sinn eng Rei Efforte gemaach ginn:

  • D’Primärschoul ass reforméiert ginn (een éischte Bilan ass gezu ginn);
  • D’Beruffausbildung ass och geännert ginn an
  • am Secondaire soll dat och geschéien, mä hei sinn d’Diskussiounen nach net fäerdeg.

Reformen, virun allem an der Schoul, brauchen awer eng gewëssen Zäit bis datt déi éischt konkret Resultater ze gesi sinn. Dobäi kommen eng sëllege “Kannerkrankheeten”, déi nach geheelt musse ginn éier alles riicht leeft.

3 Äntwerten to “Mir liewe fir ze schaffen. Mir schaffe fir ze liewen. (2. Deel)”


Kommentaren si gespaart.