D’nei Bréck.

Foto: wikimedia.org

Foto: wikimedia.org

Wéi Alles ugefaangen huet.

London. Mee 1867. Vertrieder vun de groussen europäesche Länner treffen sech. Fir ee Krich ze verhënneren. Ee Krich tëschent Frankräich a Preisen. De Napoléon den III. wollt nämlech Lëtzebuerg kafen. De preisesche Kanzel Bismarck wor awer dogéint. Fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze klären, ass dofir an der britescher Haaptstad ee Kongress organiséiert ginn. Den 11. Mee 1867, gëtt dann een Traité ënnerschriwwen.

Weder Frankräich nach Preise kritt Lëtzebuerg. Onst Land bleift onofhängeg a gëtt fir ëmmer als neutral deklaréiert. D’preisesch Garnisoun verléist d’Stad an d’Festong gëtt ofgerappt. 16 Joer dauert dat Ganzt. Duerno ass d’Stad Lëtzebuerg eng aner Stad. Eng déi elo op ass. Eng déi ganz nei Perspektive kritt fir sech ze entwéckelen. Nei Quartier kënne gebaut ginn. Op de Reschter vun der aler Festong. Deeler dovunner louchen op de Plateauen. Vun der Uelzecht an der Péitruss vum der aler Stad getrennt. Fir op hinne kënnen ze baue brauch et ee Lien. Eng Bréck. E wéi d’Passerell, déi al Bréck, déi zënter 1861 d’Uewerstad mat der neier Gare verbënnt.

Ee Projet gëtt Wierklechkeet.

15 Joer méi spéit, huet lëtzebuerger Regierung d’Iddi eng nei Bréck ze bauen. Eng iwwert de Péitrussdall. Fir de Boulevard Royal, mat der Gare ze verbannen. Den lëtzebuerger Ingenieur Eugène Ferron huet dunn virgeschloen, eng Bréck mat engem grousse Bou ze bauen. An den Albert Rodange, de Jong vum Michel Rodange, huet 1887 déi Iddi weidergesponnen. Hien huet seng Iddi esouguer a Wierklechkeet getest. E wéi en bei der Buurschenter Millen, eng Bréck mat engem Bou vun 38m baue gelooss huet. Dat huet och geklappt, an dunn konnt dat Ganzt am Groussen iwwert de Péitrussdall gebaut ginn. Fir ganz sécher ze sinn, dat och näischt schif geet, huet d’Regierung d’Pläng vun engem auslänneschen Expert iwwerpréiwe gelooss. Deen Expert, dat wor franséischen Ingenieur de Paul Séjourné. Ee Meeschter am Bau vu Brécken aus Steng. Sou krut hien 1886 d’Légion d’honneur mam Argument dat hien:

« A conçu et construit, sur diverses lignes de chemin de fer, des ponts à grande ouverture dignes d’être cités comme modèles (…)»

Mam Paul Séjourné sengem Wëssen an senger Erfahrung konnt de Pont Adolphe definitiv gebaut ginn. Hien  huet dofir gesuergt, dat aus engem Bou der zwee Béi gi sinn, domat d’Belaaschtung, den Drock méi kléng a besser verdeelt ginn. D’Pläng sinn also vum Séjourné geännert ginn. Allerdéngs muss betount ginn, dat hien sech un d’Iddi vum Albert Rodange gehalen huet. Een Albert Rodange, deen d’Bréck aus engem moderne Material, nämlech Bëtong baue wollt an de Paul Séjourné deen se dunn ganz aus Steng gebaut. Dofir huet mol Professer gemengt, dat Lëtzebuerg sech deemools fir eng vun deene leschten alen, klassesche Brécken decidéiert huet am Plaz eng vun deenen éischte modernen.

D’nei Bréck ass de 24. Juli 1903 ageweit ginn. Nodeems de 14. Juli 1900, den éischte Stee geluecht ginn ass. De Pont Grand-Duc Adolphe, e wéi en offiziell heescht, ass awer méi e wéi eng reng funktionell Konstruktioun.

Méi e wéi eng Bréck.

D’nei Bréck steet fir eng architektonesch an technesch Meeschterleeschtung. Si wor fir e puer Méint déi Bréck mat deem gréisste Bou aus Steng op der ganzer Welt. Eng Leeschtung, déi mir ons haut zu Lëtzebuerg net méi woe virzestellen. An engems, huet se déi nei Welt impressionéiert. Doriwwer, an Amerika, wou Alles méiglech wor, ass bei der Stad Philadelphia eng Kopie vun onser Bréck gebaut ginn: d’Walnut Lane Bridge.

Déi nei Bréck, huet d’Welt inspiréiert, an sech gläichzäiteg hei heem an onse Käpp an Häerzer festgesat. Si ass zu engem Repère an d’urbaner Landschaft ginn. Eng Landschaft déi mir an onsem Alldag liesen, an dat dacks ganz onbewosst. Fir dat kënnen ze maachen, fir ons orientéieren ze kënnen, brauche mir Repèren. An dozou gehéiert d’nei Bréck: Dat erklärt och, wisou virun e puer Joer emotionell iwwert d’Zukunft vun der neier Bréck diskutéiert ginn. Wann een nämlech Repèren ewechhëlt oder se ännert, da geheit dat ons Orientéierung, ons visuell Gewunnechten op d’Kopp. An dat stéiert ons dann eben.

An engems ass de Pont Adolphe méi e wéi just ee Repère, si ass ee Symbol. Ee Symbol: vun der Modernitéit, dem Fortschrëtt, dem Räichtum, der Onofhängegkeet vun onsem Land, vun der Transitioun un engem Joerhonnert an een anert. Si ass een Deel vun onser visueller, onser urbaner Identitéit, een architektonesche Patrimoine. An dofir ass et gutt, dat d’nei d’Bréck esou erneiert gëtt e wéi se gebaut ginn ass, well domat och déi nächst Generatiounen, e wéi an de Cahiers luxembourgeois vun 1956 ze liese wor,

“…un des plus beaux monuments du génie civil du monde… » ierwe wäerten.

0 Äntwerten to “D’nei Bréck.”


Kommentaren si gespaart.