Ee flotte Projet, eng gutt Idee. Mä keng Suen!
Du wëlls eng CD ophuelen, ee Film dréinen, eng Ausstellung organiséieren, ee Buch schreiwen oder ee Betrib opmaachen ? An wat brauchs du dofir ? Richteg, Suen. Eng krokleg Affär, zemools wou d’Banken engem net méi esou séier eppes léinen. D’Resultat dovunner : flott Projeten a gutt Ideeë ginn net ëmgesat. Schued.
D’Léisung? Crowdfunding?
Mä, eng méiglech Léisung gëtt et. Si kënnt e wéi esou dacks aus Amerika. Do gëtt et eng nei Zort vu Finanzéierung: de « crowdfunding ». Dat Wuert ass net einfach ze iwwersetzen. Et kéint een soen, dat et drëms geet, dat vill Léit Sue gi fir ee Projet ze finanzéieren.
Wat ass dat?
Dat Ganzt geet esou : ech wëll z.B. ee Buch schreiwe mä keng Editioun ass prett mir dat komplett ze bezuelen. Dofir ginn ech op den Internet op eng Plattform. Do stellen ech mäin Buch vir, soe wéi vill Suen ech brauch fir et kënnen ze verëffentlechen, an ginn eng Géigeleeschtung un. Dat kéint ee signéierten, gratis Exemplaire vum Buch sinn. Et kann awer och een Deel vum Gewënn sinn. Sinn all dës Detailer bekannt, da kann un sech jiddereen dee Loscht huet, Sue ginn. Esou vill e wéi en der wëll. Bis dat dee ganze Projet finanzéiert ass.
Hei kënnt dir ee kuerze Video kucken, deen Iech Alles op eng flott Aart a Weis erklärt :
A propos Crowdfunding
Hei an Europa ass en nach an de Kannerschong. Besonnesch zu Lëtzebuerg, wou bis elo just eng Kéier eng Compliation vum Mudam esou realiséiert ginn ass. Et gëtt och keng spezifesch legal Basis deen de Crowdfunding géif regelen. E wéi eng Gesetzer gëllen, kënnt dir hei an der Äntwert vum Finanzminister op eng parlamentaresch Fro vu mir liesen :
0 Äntwerten to “Crowdfunding. Entdecke die Möglichkeiten…”