Pefferkär.

Foto: flickr.com/photos

De Budget 2013 gëtt amendéiert. Op Initiativ vun deenen zwou Majoritéitsfraktiounen. Un sech hunn si just hir institutionnell Roll gespillt: d‘Regierung ze kontrolléieren a där hir Gesetzesprojeten ze verbesseren falls dat néideg ass. Well d’Gesetzer ginn nach ëmmer vun der Chamber gestëmmt.

D’Kris hannert der Kris

Deen éischten Budgetsprojet fir d’nächst Joer, ass nun eemol net an déi Richtung gaangen, déi sech d’Regierung selwer gesaat huet: bis 2014 een budgetären Equiliber. Och elo wäert dëst Zil net kënnen ganz ereescht ginn. Mä op mannst gëtt endlech, no laangem hin a hir erkannt, dat onst Land net nëmmen eng konjonkturell mä eng strukturell Kris huet. De fréieren Deputéierten Lucien Thiel huet 2010 als Budgetrapporteur mol vun der „Kris hannert der Kris“ geschwaat. Wéi Recht en dach haat. Elo bléift just ze hoffen, dat déi nächst Méint, d’Efforten wéiderginn fir eppes un der Struktur vum Budget am vum Land ze änneren.

Héich Investitiounen

Bis elo bléift wouer, dat Dépensen méi séier klammen e wéi d’Recetten. An mat dem amendéierten Budget, an deem schon zevill Steiererhéichungen dra stinn, ass d’Recettensäit definitiv ausgereizt.  Aus onser Economie ass net nach méi erauszehuelen. Ausser wann een se futti maachen wëll. Ween nei Recetten wëll, muss d’Economie op méi breed Féiss stellen. Dat ass den Défi. Elo schon ginn et eng Réi nei Créneauen: d’Logistik, d’Gesondheets- an d‘Biotechnologien, den IT-Sektor. Hei bléift awer nach villes ze maachen. Hei muss virun Allem wéider investéiert ginn. Mir brauchen nun eemol Investitiounen, falls nees Räichtum soll geschaffen ginn. An dofir ass et och gutt, dat dem Staat seng Investitiounen 2013 mat 1,7 Milliarden Euro héich bléiwen.

D‘Dépensen erof

Allerdéngs wäerten mir ons All an den nächsten Joeren, wann, dann un een niddregen Wuësstem vun 1-2% gewinnen mussen. Ugefaangen mat 2013, wou et wuel guer keen wäert ginn. Dat heescht also, dat mir onse ganze System, deen op héichem Wuesstëm opgebaut ass, der neier Realitéit upassen mussen. An dofir mussen d‘Dépensen erof, mussen Automatismen am Staatsbudget, déi der Politik d’Hänn bannen, gebremst ginn. D’sozial Leeschtungen mussen nees méi gerecht verdeelt ginn. Bei der Beschäftegungspolitik muss gekuckt ginn, op déi Mesuren déi geholl gi sinn och eppes dachen. De Staat muss wéider bei sech selwer manner Suen ausginn. An fir d’Betrieber muss eppes gemaach ginn, sief et um Niveau vun de Loun- an Lounniewenkäschten oder den administrativen Démarchen. Ouni si wäert keng nei Aarbechtsplazen, wäert keen  Räichtum kënnen geschaffen. Ier Suen verdeelt kënne ginn, mussen se irgendwou geschaffen ginn.

Eng Zukunft?

Ennert dem Strëch gekuckt kënnt et net also alléng op de Budget 2013 un. Deen ass net perfekt mä een éischten Schratt. Et kënnt  vill méi op dat un, wat am nächsten Joer décidéiert gëtt. Dann wann et un d‘Dépensensäit geet. An dann eréicht ginn mir gewuer, ob dës Koalitioun, dem Land eng Zukunft bidd oder net.

Et muss een deemno wéider eng kritesch Analyse maachen. Dat ass nun eemol d’Gewürz an der Zopp. An dat hei, ee kléngen Pefferkär.

Hei 2 gutt Analysen vun Journalisten déi och hiren Pefferkär bäigeloucht hunn:

2 Äntwerten to “Pefferkär.”


Kommentaren si gespaart.