Générations sacrifiées

Foto: upload.wikimedia.org

To some generations much is given. Of other generations much is expected.

Dat soot de fréieren amerikanschen President Franklin D. Roosevelt. Am Joer 1936. An mat dësen Wieder huet och de franzéischen Soziologe Louis Chauvel säin Exposé ugefaangen. Am Joer 2012. Op der « Journée de l’assurance ». D’Thema wor d’Relatioun tëschent de Generatiounen. Déi huet de Professer vun der Uni Lëtzebuerg a sëllechen Studien analyséiert. An hien kënnt zur Konklusioun, dat verlueren Generatiounen am gaangen sinn ze entstoen. « générations sacrifiées » nennt hien et.

 Net nëmmen am Ausland. Och hei zu Lëtzebuerg. Wat charaktériséiert esou Generatiounen ? Dat si, am Ënnerscheed zu deenen vireschten Generatiounen, hirt Liewen net verbesseren wäerten. Schold dodrunner sinn, eng schlecht oder keng Ausbildung, onsëcher oder guer keng Aarbechtsplaz, keng Chance eng Wunneng ze kréien a wann dann nëmmen mat enger Schold bis an d’Pensioun eran, an do ukomm och keng héich Pensiounen méi. Eng Mëschung déi de Generatiounenkontrakt riskéiert futti ze maachen.

Dëst ze erkennen ass den éischten Schrëtt fir eppes ze änneren. Leider gëtt déi Analyse nach laang net gedeelt. Och net hei zu Lëtzebuerg.

Méi zu deem Thema fannt dir hei :

0 Äntwerten to “Générations sacrifiées”


Kommentaren si gespaart.