D’politesch Rentrée steet virun der Dier an et gëtt scho baal ee Joer, dat d’CSV an der Oppositioun ass. Mä wat bedeit dat iwwerhaapt an « Oppositioun » ze sinn ? Theoretesch a konkret ?
Hëllt een d’Oppositioun wuertwiertlech, dann heescht sech « opposéieren » näischt aneschters wéi sech géint eppes stellen. An der Politik ass dat géint déi sinn, déi an der Majoritéit an dofir um Pouvoir sinn : d’Regierung an déi Parteien, déi si an der Chamber stäipen.
« Par opposition » zur politescher Majoritéit ass d’Oppositioun also d’politesch Minoritéit : déi Parteien, déi d’Regierung net ënnerstëtzen an deen Deel vun de Wieler vertrëtt, deen doduerch minoritaire ass.
An enger pluralistescher, parlamentarescher Demokratie spillen esouwuel d’Majoritéits- wéi d’Minoritéitsvertrieder eng Schlësselroll. Béid sinn vun de Wieler legitiméiert fir dat ze maachen an hir Meenungen ze vertrieden. Dat maachen si an der Chamber, déi den institutionnaliséierten Kader ass an deem si hir Rollen erfëllen kënnen :
- d’Majoritéit, déi dofir suergt, dat d’Regierung hiren politeschen Programm (Koalitiounsprogramm) ëmgesaat kritt.
- D’Oppositioun, déi der Majoritéit Konkurrenz mécht andeem si alternativ politesch Léisungen virschléit an d’Regierung an hir Parteien kontrolléiert.
D’Oppositioun ass also esou ze soen een « contre-pouvoir » zum « pouvoir ». Dat Ganzt demokratesch legitiméiert an, an der Logik vun der Trennung vun de Pouvoiren (Legislativ, Exekutiv, Judikativ) iwwert déi de franséischen, politesche Philosoph Montesquieu am 18. Joerhonnert a sengem Buch « De l’esprit des lois » geschriwwen huet. Do schreiwt hien och dat « Pour qu’on ne puisse abuser du pouvoir, il faut que, par la disposition des choses, le pouvoir arrête le pouvoir ».
An enger Demokratie läit de Pouvoir par Definitioun an den Hänn vun der Majoritéit an dofir war fir een aneren franséischen, politesche Philosoph, den Alexis de Tocqueville, d’Demokratie « tyrannie de la majorité » well an deem System eng Majoritéit op Käschten vun enger Minoritéit alles bestëmme kann.
Dofir ass et esou wichteg, dat an enger moderner, parlamentarescher Demokratie, d’Oppositioun hir Roll spillt. Un sech garantéiert graad d’Oppositioun dat et eng kloer Trennung vun der Exektuiv (Regierung) an der Legislativ (Chamber) gëtt. Theorestesch ass och d’Majoritéit een Deel vum Kontrollsystem vun der Regierung mä an der Praxis ass et éischter esou, dat et eng Zort « Fusioun » vun Regierung a Majoritéitsparteien gëtt. Si stäipen sech geigesäiteg, schaffen Hand an Hand an dofir ass et un der Oppositioun fir de wirklechen Kontroll ze maachen.
D’Oppositioun huet also an enger Demokratie fundamental Aufgaben ze iwwerhuelen. Dës Aufgaben sinn zwar neierens präzis definéiert (net an der Verfaassung, net a Gesetzer oder dem Chambersreglement) mä si erginn sech aus de Grondprinzipien vun der Demokratie an aus der Praxis.
Wat bedeit d’Oppositioun fir d’CSV ? Dat si no laangen Joeren an um Pouvoir elo een aneren Roll ze iwwerhuelen huet.
Net méi deen, fir ee Koalitiounsprogramm an der Regierung a mat Hëllef vun der parlamentarescher Majoritéit ëmzesëtzen. Mä deen fir:
- op där enger Säit, d’Aarbecht vun der neier Regierung an hirer Majoritéit ze kontrolléieren ;
- an op där anerer Säit, fir een eegenen politesche Programm fir d’Land auszeschaffen.
Nëmmen esou kritt de Wieler eng Alternativ zur Regierung, nei Méiglechkeeten, Iddiën a Virschléi, ugebueden. Dat Ganzt muss an engems op eng konstruktiv a kredibel Manéier gescheien.
Zum Deel muss dofr eng aner Aart a Weis fir ze schaffen a Politik ze maachen geléiert ginn, mat villen eegenen Initiativen wéi zum Beispill Debatten. Ee groussen Défi, deen eng grouss Partei als Chance soll gesinn fir sech weider ze entwéckelen an sech ze verbesseren. Well och dat ass Oppositioun : eng Opportunitéit !
0 Äntwerten to “Oppositioun?”