Tribune libre op RTL Radio, Méindes den 1. Juli 2013
Serge Wilmes, zënter leschter Woch wëssen d’Premières- an d’Treizièmesschüler op si hir Examen gepackt hunn oder net. Déi Meescht vun deenen, déi hiren Diplom elo an der Hand hunn, wäerte wuel studéiere goen. Ass bei héiche Chômagezuelen een Unisdiplom nach ëmmer eng Garantie fir eng Aarbechtsplaz ?
Jo, well d’Statistiken eng kloer Sprooch schwätzen : mat engem Héichschouldiplom fënnt een éischter eng Plaz ewéi ouni, an déi jonk Chômeure mat esou engem Diplom fannen och spéitstens no 4 Méint eng Aarbecht. Eis Wirtschaft schaaft nämlech nach all Joer dausende vu Plazen a fir déi grouss Majoritéit dovunner, brauch een en Héichschouldiplom. Et huet een also méi Chance mat engem Diplom ewéi ouni een. Dofir ass et wichteg, datt mir Jonker hunn, déi éischtens hire Lycée mat engem Diplom verloossen an zweetens datt si wa méiglech duerno nach studéieren ginn.
Studéiere goen ass also nach ëmmer ee gudde Choix. Allerdéngs stelle sech zënter dem Uertel vum europäesche Geriichtshaff iwwert d’Studenteprêten a –boursen déi meescht Studenten elo d’Fro ewéi et mat der finanzeller Hëllef vum Staat weidergeet an ob si sech hir Studien iwwerhaapt nach leeschte kënnen. Wat sot dir de Studenten ?
Datt ech hir Suerge ganz gutt verstoe kann. Mam Uertel vum europäesche Geriichtshaff muss de lëtzebuerger Staat an Zukunft och de Kanner vun de Frontalieren, déi studéiere wëllen, ee Prêt an eng Bourse ginn. D’Argument vun der Regierung, datt all Land selwer dofir suerge muss, datt seng Awunner studéiere goe kënnen an d’Zuel vu sengen Diploméierten an d’Luucht geet, huet den europäesche Geriichtshaff net gëlle gelooss. Fir hie gëllt, datt jiddereen, deen an engem Land schafft an do Steiere bezillt, och déi selwecht Hëllefe soll kréien. Also och d’Frontalieren. Konkret bedeit dëst Uertel, datt de lëtzebuerger Staat am Plaz vun 90 Milliounen Euro an Zukunft bis zu 200 Milliounen Euro fir Boursen an Prête muss ausginn. Eng Dépense, déi wuel net ze finanzéieren ass.
Bedeit dat dann elo, datt d’Studenten an Zukunft manner Sue wäerte kréien ?
Neen, well dat nach net decidéiert ass. Sécher ass, datt den aktuelle System och nach fir d’nächst Schouljoer zielt. Fir déi Zäit duerno wëll op mannst mol d’CSV eng Léisung, déi et eise Studente weider erlaabt fir an dat Land an op déi Uni studéieren ze goen, wou si wëllen. A well 80% vun eise Studenten an d’Ausland studéiere ginn fir duerno nees zeréck ze kommen, kënne mir eis virstellen, datt dës Mobilitéit méi ënnerstëtzt gëtt, ewéi heiheem wunnen ze bleiwen an ze studéieren. An dee Prinzip géif dann och fir d’Kanner vun de Frontaliere gëllen. Fir d’CSV ass et och kloer, an dat ënnerstëtzt d’europäescht Geriicht esouguer, datt d’Kanner vun de Frontalieren nëmmen dann ee Prêt oder eng Bourse kënne kréien, wann hir Elteren op mannst eng Rei Joere schon zu Lëtzebuerg schaffen, zum Beispill op mannst 5 Joer. A si musse weise kënnen, wat si an hirem Land vun Hëllef kréien, fir datt déi da vun der lëtzebuerger Hëllef kann ofgezu ginn. Dat Alles muss nach diskutéiert ginn, och mat de Studenten.
Mä fir d’CSV ass elo schon eent sécher : mir wëllen datt eis Jonker studéiere goe kënnen an dofir wäerte mir eis Studenten net am Ree stoe loossen !
Merci fir Äer Äntwerten !
0 Äntwerten to “Studéiers du schon?”