An engem Joer sinn nees Wahlen a bis dohinner wäerten nach eng Rei Reformen diskutéiert a wuel och gestëmmt ginn. Eng vun deene wichtegsten un där schon zënter Joere geschafft gëtt, ass d’Reform vun der Verfaassung. Déi huet well 145 Joer um Bockel, och wase am Laf vun der Zäit ëmmer nees mol hei, mol do geännert ginn ass. D’Verfaassung regelt d’Grondprinzipien op deenen eist Land gebaut ass. An dozou gehéiert natierlech och wat d’Chamber ass an ewéi hir Membere bestëmmt ginn. Den Artikel 51 vun der Verfaassung seet zum Beispill datt et 60 Deputéierte ginn , déi op Lëschte gewielt ginn (et gëllt dat allgemengt Wahlrecht an de System vun der Proporzwahl) an zwar a véier verschidden Wahlbezierker :
- de Süden, mat de Kantonen Esch a Capellen ;
- den Zentrum, mat de Kantonen Lëtzebuerg a Miersch ;
- den Norden, mat de Kantonen Dikrech, Réiden, Wolz, Klierf a Veianen ;
- an den Osten, mat de Kantonen Gréiwemaacher, Réimech an Iechternach.
Ee Gesetz hält fest ewéivill Deputéierten an deene véier Bezierker gewielt ginn. Dat Gesetz ass d’Wahlgesetz an do steet am Artikel 117 :
- am Süden ginn 23 Deputéierte gewielt ;
- am Zentrum ginn 21 Deputéierte gewielt ;
- am Norden ginn 9 Deputéierte gewielt ;
- am Osten gi 7 Deputéierte gewielt.
Wéisou ginn et d’Bezierker ?
D’Zuel vun den Deputéierte baséiert op der Zuel vun den Awunner[1], déi an engem Bezierk liewen. Do wou also méi Leit wunnen, ginn och méi Deputéierte gewielt. Dëse Prinzip ass et an der Verfaassung vun 1868 nach net ginn. Deemools gouf et just ee Wahlbezierk an zwar dat ganzt Land. Eréischt ewéi d’Industrialiséierung vu Lëtzebuerg dofir gesuergt huet, datt de Süden an d’Stad Lëtzebuerg vill méi Awunner krut hunn ewéi de Rescht vum Land, sinn Bezierker agefouert gi fir ze verhënneren, datt just nach Deputéierten aus deene Géigende géife gewielt ginn. Dat ass 1919 bei enger Revisioun vun der Verfaassung geschitt. Deemools ass esouguer nach den Ënnerscheed tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Rescht vum Bezierk Zentrum gemaach ginn. Dat gëtt et awer haut net méi well et 1979 bei enger Revisioun vun der Verfaassung ofgeschaft ginn ass.
Brauch eist Land se haut nach ?
Déi véier Wahlbezierker ginn et awer nach bis haut. An déi aktuell Reform vun der Verfaassung wëll d’Bezierker och net ofschafen. An engems hätt op mannst dodriwwer missten nogeduecht ginn. Wann een d’Verfaassung schon un d’21. Joerhonnert upasse wëll, da muss ee sech och d’Fro stellen ob d’Verdeelung vun den Awunner iwwerhaapt nach eng Roll spille soll? Mir liewen haut mat Kommunikatiounstechnologien, déi eis et erlaben, fir net nëmmen direkt mat eisem Nopper oder Matbierger ze schwätzen, mä mat der ganzer Welt. Egal ewéi grouss d’Distanzen och sinn. A mir schaffen och meeschtens net méi do wou mir liewen, well mir eis mat modernen Transportmëttelen an -infrastrukturen all Dag hin an hir beweege kënnen. Et gëtt also praktesch keng Limiten, keng Grenze méi besonnesch an engem Land vun 2586km2.
Lëtzebuerg ass also net méi grouss mä u sech nach méi kleng ginn. Zumools an enger globaiséierter Welt. An do stellt sech d’Fro, firwat eis Deputéierten nach aus véier Bezierker komme mussen ? Wäer et net vill méi am Sënn vun eisem Land, datt d’Deputéierten aus engem eenzege Bezierk kommen, nämlech dem ganze Land ? Nëmmen da wäeren d’Deputéierten zu 100% national Politiker an hätte wierklech d’allgemeng Intérête vum Land am Bléck. Well genee dat steet och an der Verfaassung :
Art. 50.
La Chambre des Députés représente le pays. Les députés votent sans se référer à leurs commettants et ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.
Theorie a Praxis
Datt d’Verfaassung am Artikel 51 d’Land a véier Bezierker deelt, passt u sech net mam Artikel 50 zesummen. Quitte datt et mol eng Kéier ee gudde Grond dofir ginn ass fir dat ze maachen. An engems ass doduerch den d’Deputéierten hir national Roll relativéiert ginn. An der Theorie mol. Well d’Praxis gesäit och haut schon aneschteres aus. D’Deputéierten, egal aus ewéi engem Bezierk si kommen, schaffen haut nämlech vill méi op nationalen an europäeschen ewéi op regionalen Sujeten, déi ëmmer méi rare ginn. Domat ginn si och méi vum ganze Land wouer geholl an iwwerhuelen domat hir national Roll. De Risiko , datt duerch een eenzege Bezierk bestëmmte Regioune keen Deputéierte méi hunn, ass also relativ kleng. Wat zielt ass d’Aarbecht déi geleescht gëtt. A gëtt déi gutt gemaach, da gëtt een och gewielt, egal vu wou een ass.
Een Beziirk
Et wäer also wichteg, datt d’Theorie un d’Praxis ugepasst gëtt. D’Volleksvertrieder mussen d’Intérête vum Land vertrieden, besonnesch am 21. Joerhonnert ,mat all deenen Erausfuederungen, déi an Europa an an der Welt op eist Land waarden. An dofir wäer et besser just ee Bezierk ze hunn an zwar dat ganzt Land.
[1] An der Jurisprudence iwwert d’Verfaassung steet beim Artikel 51 : « La fixation du nombre des députés doit se faire en considération de l’ensemble de la population et non d’après le nombre des seuls électeurs. Conseil d’Etat, 15 juillet 1993, Pas. 26, p.2 »
1 Äntwert op “Ee Land, ee Wahlbezierk”