Dëse Saz ass méi ewéi ee Sproch, méi e wéi eng rethoresch Figur, déi an der Literatur „Chiasmus“ (iwwer Kräiz) genannt gëtt. Et ass ee Stéck vun der Wourecht. Schaffe goen, eng Aarbecht ze hunn, gehéiert zu onsem Liewen. Vu klengem u gi mir zu engem groussen Deel do drop virbereed. Fir herno joerelaang ze schaffen. Esouguer an der Pensioun ginn et der eng sëllegen, déi nach schaffen. Net méi an engem Beruff, mä doheem oder an engem Veräin. Well schaffe goen, heescht net nëmmen eng bezuelten Aarbecht ze maachen. Och déi sëllege Fraen, an ëmmer méi Männer, déi sech ëm hir Kanner këmmeren, schaffen. Dat Selwecht gëllt fir all déi, déi sech an hirer Fräizäit engagéieren. Sief dat am Sport, der Kultur, an enger sozialer Institutioun, enger ONG, de Pompjeeën asw.
Ze schaffen, eng Beschäftegong ze hunn, gëtt dem Mensch d’Gefill, datt hien ee Wäert huet. Gebraucht ze ginn. Duerch d’Aarbecht ass de Mensch een Deel vun der Gesellschaft. Hie gëtt eppes vu sech a kritt dofir vun deenen Aneren eppes zeréck. Dat sinn meeschtens Suen, mat deem hie säi Liewen finanzéiere kann. An engems sinn et och Zefriddenheet, Unerkennung oder Houfert, alles Gefiller, déi de Mensch positiv beaflossen.
Aarbecht ass also wichteg fir de Mensch. An dofir kann ee sech och virstellen, wat et bedeit keng Aarbecht ze hunn. Eben net nëmmen an enger schwéierer finanzieller Situatioun ze sinn. Mä och mam Risiko ze liewen, sozial isoléiert ze ginn, sech net méi als ganze Mensch ze spieren. Leider ginn et hautdësdaags ëmmer méi Leit, déi genee dat do am gaange sinn ze erliewen. Well si keng Aarbecht hunn an och keng fannen. Den Alter spillt hei keng Roll. Am Chômage sinn Eelerer a Jonker. An fir jidffer Eenzelne vun hinnen ass et eng schlëmm Situatioun.
Mä ewéi ass et iwwerhaapt méiglech, datt ech keng Aarbecht hunn? D’Grënn dofir si ganz verschidden an et ginn der eng jett, z.B.
- Wirtschaftlech Grënn, well manner Aarbecht do ass wéinst der schlechter Situatioun vun enger Entreprise, engem bestëmmte Secteur oder der Wirtschaft vun engem ganze Land, engem Kontinent oder esouguer der Welt ;
- Technologesch Grënn, well bestëmmten Aarbechten, duerch d’Innovatioun, méi komplizéiert ze maache sinn an een dofir ëmmer méi qualifizéiert muss sinn oder vu Maschinnen/Robotere gemaach ginn;
- Strukturell Grënn, well Aarbechten, déi net méi gefrot sinn , verschwannen oder Aarbechten, déi ganz beléift sinn a wou et zevill Demande par rapport zur Offer ginn;
- Schoulesch Grënn, well een net dee richtegen Diplom oder guer keen Diplom huet;
- Sozial Grënn, well d’Eltere schon am Chômage sinn oder well een aus enger sozial schwaacher Famill kënnt;
- Psychologesch Grënn, well ee falsch Erwaardungen huet, net déi richteg Motivatioun huet oder psychesch Probleemer huet;
- asw…
Dëst sinn nëmmen e puer Grënn, déi erklären, wéisou et Chômage iwwerhaapt gëtt.
Den 2. Deel vun dësemn Artikel kënnt dir nächst Woch hei liesen.
0 Äntwerten to “Mir liewe fir ze schaffen. Mir schaffe fir ze liewen. (1. Deel)”