Den Alkohol an eiser Gesellschaft. Dat ass ee Sujet, deen ëmmer nees diskutéiert gëtt. Besonnesch d’Froe vun ewéi engem Alter un een drénken däerf an ewéi vill een es drénke soll? Jiddereen huet hei eng Meenung dozou. An dës ginn dacks wäit auserneen. Wann een awer op d’Doktere lauschtert, dann ass et relativ kloer: ze vill Alkohol ass net gutt. Genee ewéi wann een ze fréi domadden ufänkt. Et kënnt op dat richtegt Moos un.
An och an de Gesetzer ginn et kloer Lignen: wann een Auto fiert, dann däerf een zënter 2007 net méi ewéi 0,5 g/l a sengem Blutt hunn. De legalen Alter fir iwwerhaapt däerfen Alkohol ze drénken oder Gedrénks mat Alkohol dran ze kafen, ass zënter 2006 op 16 Joer gesat ginn.
De Staat gëtt sech vill Méi fir d’Leit iwwer dës Mesuren ze informéieren an se un hir eege Verantwortung ze erënneren. Gläichzäiteg héiert een ëmmer erëm vu Leit déi ze vill gedronk hunn an awer Autofueren, sech zerklappen oder an d’Spidol ageliwwert ginn. Bewosst ze vill ze drénke gëtt besonnesch bei ville Jonken ëmmer méi „in“. Jonker, déi dacks manner ewéi 16 Joer hunn.
Lescht Woch huet eng lëtzebuerger Televisiounschaîne ee Reportage do driwwer an den Noriichte bruecht. Hei gëtt esouguer vun 12 Joer ale Kanner geschwat, déi wéinst ze vill Alkohol an d’Spidol komm sinn. Dat sinn natierlech keng schéin Noriichten, virun allem net fir d’Elteren. An engems ass et d’Realitéit. Déi Entwécklung mécht engem Suergen a muss serieux behandelt ginn.
Iwwerdriwwe reagéiere bréngt allerdéngs och näischt. Eppes wäert nämlech geschéien: d’Regierung presentéiert dëst Joer nach ee nationale Plang géint den Alkohol. Wou deen drun ass, wat en ännere wëll an nach eng Rei aner Froen zu deem Sujet, hunn ech dem Gesondheetsminister elo gestallt. Hei kënnt der se liesen:,
0 Äntwerten to “Zevill gedronk…”