Dëst Joer ginn et 10 Joer, datt Lëtzebuerg eng Universitéit huet. Am Laf vun deem Joerzéngt ass villes geschitt: nei Diplomer si geschafe ginn, nei Professere si rekrutéiert ginn, nei Fuerschungsprojete si lancéiert ginn, nei Gebaier sinn am gaangen zu Esch-Belval ze entstoen an nei Studente sinn dobäi komm. An der Tëschenzäit studéiere well op der Universitéit Lëtzebuerg eng 6.200 Studenten. Déi Studente kommen aus deenen verschiddenste Länner (100 verschidden Nationalitéiten) och wann d’Majoritéit dovunner nach vu Lëtzebuerg ass.
Fir d’Net-Lëtzebuerger ass onst Land virun allem attraktiv, well et eng héich Liewensqualitéit huet a well esouvill verschidden Nationalitéiten hei liewen. Allerdéngs gëtt et och ee groussen Nodeel: d’Liewen zu Lëtzebuerg ass deier. Dat net nëmme fir ee Student mä besonnesch fir hien. Zumools d’Wunne kann hie sech um normale Maart net leeschten. Eng Alternativ si Studentewunnengen, déi allerdéngs hei zu Lëtzebuerg nach rar sinn. De Staat huet sech déi leschte Joeren zwar enorm dru gi, speziell fir d’Studente Wunnengen ze bauen, mä et sinn der nach ëmmer net genuch do.
Eng Léisung kéint dofir sinn, datt net nëmmen de Staat mä och Privatleit kéinten entweder Wunnengen zu engem gudde Präis verlounen oder der selwer bauen. Bis elo ass dat nach net wirklech geschitt. Wéisou? Well et och net ganz kloer ass, ob Privatpromoteuren, déi Studentewunnengen baue wëllen, dofir vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn.
Am “aide au logement” Gesetz gëtt zwar vu finanziellen Hëllefe geschwat wann een ëffentlechen oder private Promoteur Studentewunnenge baue wëll, mä fir dat och wirklech confirméiert ze kréien, hunn ech dem Minister Schanck eng parlamentaresch Fro gestallt.
An senger Äntwert schreift hien, datt Privatpromoteuren effektiv finanziell gehollef kënne kréie wann se Wunnenge fir Studenten baue wëllen. Si mussen awer fir d’éischt eng Konventioun mam Staat ënnerschreiwe wou déi genee Modalitéite gekläert ginn. De Minister seet och, datt all Promoteur hie kontaktéiere kann fir esou eng Konventioun mat him ze maachen.
Deemno eng gutt Noriicht fir d’Studenten an een avis aux amateurs fir d’Privatpromoteuren!
0 Äntwerten to “Wunns du schon?”