Dat ass dach net der Wäert…oder ?

Blog-Foto-Wäerter

Foto: flickr.com/photos

 

D’Joer ass geschwënn eriwwer. Déi Meescht vun ons kucken da gären zeréck. Op dat wat wor. An sinn denke gären no. Huelen sech mol nees Zäit an enger Welt déi ëmmer méi séier dréint. Esou kënne mir dann erausfannen, wat ons wichteg ass a wat net. Wat ee Wäert huet, a wat net. Wat eben ons Wäerter sinn. Well Wäerter spillen eng Roll an onsem Liewen.

Wäerter sinn ethesch Regelen déi eng Gesellschaft fonctionnéieren dinn. Un hinne kënne mir ons festhalen. Ons orientéieren. Si sinn e wéi ee Guide, deen ons féiert. Ons weist wat mir maache sollen. Wat mir sinn sollen. An wat mir net maachen a si sollen.

Si kënnen also als moralesch gutt Qualitéite bezeechent ginn. Wéi zum Beispill Respekt, Solidaritéit, Toleranz, Gerechtegkeet. Fir nëmmen déi bekanntsten ze nennen. Dës Wäerter solle mir versichen ze liewen. Weiderzeginn. Besonnesch un déi Jonk. Doheem an an der Schoul. Fir dat och si gesinn, dat et am Liewen net nëmmen ëm dat Materiellt geet.

Well dat gëtt hinne leider ëmmer méi vermëttelt : dat et dorops ukënnt e wéi eng Marque vu Kleeder ech un hunn, e wéi dacks an wou ech an d’Vakanz ginn an dat ech herno vill Sue verdénge muss fir een ze sinn.

An dofir solle mir deene Jonke weisen, dat et vill méi wichteg ass eppes ze Wëssen, sech drun ze ginn, mol op eppes ze verzichten, eppes fräiwëlleg, wéinst der Saach maachen, ze deelen, Gedold ze hunn oder op anerer Uecht ze dinn e wéi nëmmen no sech an deem Materiellen ze kucken. Well dat Materiellt kënnt a geet nees. Wäerter awer bleiwen. An alleng ass de Mënsch nëmmen hallef esou vill Wäert.

Mir sollen also Wäert op Wäerter ze leeën.

Mir sollen. Well och mir bréngen dat net ëmmer fäerdeg. Dat ass awer net schlëmm. De Mënsch ass eben net perfekt. Wichteg ass, sech deem bewosst ze sinn. An all Dag nees vu vir ze versichen, ons Wäerter ze liewen.

Well ee Liewe mat Wäerter, ass ëmmer der Wäert! 

0 Äntwerten to “Dat ass dach net der Wäert…oder ?”


Kommentaren si gespaart.