ARBED, sold out?

Foto: flickrhivemind.net

Haut huet Arcelor-Mittal annoncéiert, dat den historesch Sëtz vun der fréierer ARBED op der Neier Avenue géif eidel gemaach ginn. Vun engem Verkaaf geet zwar net riets mä verschidden lëtzebuerger Medien beruffen sech op Sourcen déi soen, dat dëst geschwënn de Fall soll sinn. Dat historesch Gebai vun der ARBED gehéiert zum architektoneschen an kulturellen Patrimoine vun der Stad an dem Land.

Fir déi meescht vun ons ass steet et symbolesch fir déi vergaangen Gréisst vun onser Stolindustrie. Praktesch all Awunner hei aus dem Land huet een an senger Famill, deen bei der ARBED geschafft huet.

Dofir kann et ons net egal sinn, wat mat deem Gebai geschitt. Flott wär et, wann de Staat et kéint kréien. Ob dat gewollt an méiglech ass, wëll ech gäeren vun der Regierung wëssen. Dowéinst hunn ech dës parlamentaresch Fro gestallt:

An wat ass är Meenung ? Wat soll Iech no, mam Gebai vun der ARBED gescheien ?

0 Äntwerten to “ARBED, sold out?”


Kommentaren si gespaart.