Den Internet soll fräi sinn a jidfereen soll Accès dozou hunn. Dat ass d’Grondphilosophie vun deem Medium. Do mat verbonnen soll méi sozial Gläichheet sinn. Mä ass dat och wirklech de Fall ?
Déi Fro stellen sech vill Léit. Ennert anerem d’Mme Nadia Kutscher. Professer Dokter an « Sozialwesen » op der Katholischen Hochschule Nordrhein-Westfalen. Virun e puer Deeg wor si an d’Medienkommissioun vun der Chamber invitéiert. D’Geleenheet fir si, dem Parlament hir Analyse vun der sozialer Ongläichheet am Internet virzestellen.
Fir d’Mme Kutscher gëtt et déi op dräi verschidden Niveauen :
Digital Divide oder ënnerschiddlechen Accès zur Hardware. Net jidfreen kann sech déi beschten, performansten Computer leeschten. Net jidfreen huet eng séier, Breedbandconnectioun.
Digital Inequality oder ënnerschiddlech Notzung vum Internet. Dës hänkt dacks vum Bildungsniveau an dem sozialen Origine of. Esou ass et z.B. fir vill däitsch Jonker aus sozial schwaachen Milieuen, net esou wichteg op Informatiounen um Internet wouer sinn. Si sinn méi drun interesséiert, fir sech selwer duerzestellen, well se dat am reellen Liewen net maachen kënnen. Dofir sinn se ganz aktiv an den sozialen Netzwierker a lueden gäeren Fotoen/Videoen erop an erof.
Ekonomesch-politesch Differenzéierung vun Daten oder d’ënnerschiddlech Notzung vun der technescher Infrastruktur. Hei dominéieren e puer grouss Firmen e wéi z.B. Google, déi praktesch een Monopol hunn. Duerch Algorithmen, ginn bestëmmten Resultater priviligéiert.
Et ginn also der Mme Kutscher no kloer sozial Ënnerscheeder bei der Notzung vum Internet.
Dobäi kommen Entwécklungen e wéi z.B. déi, dat ëmmer méi Provideren gäeren ënnerschiddlech Präiser fir den Internetaccès ubidden wëllen. Wisou ? Well fir si, hir Netzer duerch den Transfert vun Daten, déi duerch déi vill Videoen, Fotoen, Filmer asw., ëmmer méi grouss gëtt, un d’Limiten kommen an déi wéider ausgebaut missten ginn. D’Käschten dofir hätten se gäeren vun de Clienten oder de groussen Contentprovideren e wéi Facebook, Google, Youtube asw. bezuelt.
Esou eng Entwécklung géif allerdéngs géint d’Netzneutralitéit verstoussen. Déi seet nämlech, dat een Provider d’Daten vun sengen Clienten an der selwechter Qualitéit, hin an hir transportéiert muss, ouni dat gekuckt gëtt wat dran ass. Also ouni dat een Ënnerscheed gemaach gëtt. D’Definitioun dovunner ass awer vun Acteur zu Acteur aneschteres. Fir d’Provideren gëtt se respektéiert wann een als User prett ass fir no Datengréisst méi oder manner ze bezuelen.
Onofhängeg dovunner, dat et keng objektiv Bewäiser dofir ginn, dat d’Netzer iwwerlaaf sinn, gëtt et och keng objektiv Kriteren no deenen een Daten/Contenu an prioritär an manner prioritär andeelen kéint. Léist een dës Entwécklung also laafen, dann bestëmmen d’Provideren e wéi den Internet ka genotzt ginn an e wéi net.
Doduerch gëtt d’sozial Ongläichheet nach wéider verstärkt. Déijeeneg mat méi Suen, kënnen sech een séieren, besseren Internet leeschten. An déi aner net. Déijeeneg mat engem méi héicher Bildung wëssen iwwert den prioritären Datentransfert bescheed an kënnen dat wirtschaftlech-politesch notzen. An déi aner net.
Some users are more equal…than others!
0 Äntwerten to “Some users are more equal…”