10 Geboter. Fir den Internet ?

Foto: flickr.com/photos

Vum 17. bis den 18. Oktober wor de Kongress vun der Europäescher Vollékspartei (EVP) zu Bukarest. An do ass och iwwert „d’Fräiheet am Zäitalter vum Internet“ nogeduecht ginn. Dobäi erauskomm sinn „10. Geboter“ fir den Internet. Onofhängeg vun der Fro ob een an deem Kader vun engem „Gebot“ schwätzen soll oder net, ass et dach interessant fir ze wëssen e wéi d’EVP den Internet gesäit.

Hei hir 10 Punkten:

  1. D’international Gesetzgebung muss méi präziséiert ginn;
  2. D’moteurs de recherche mussen neutral sinn;
  3. D’Internetneutralitéit muss garantéiert sinn;
  4. D’Regelen fir den Datenschutzen mussen präziséiert an harmoniséiert ginn;
  5. D’Rechter vun de Benotzer vun sozialen Netzwierker mussen besser geschützt ginn;
  6. De „profilage“ vun Daten soll verbueden ginn;
  7. D’Anonymat vum Benotzer soll garantéiert ginn;
  8. Eng europäesch „Wollék“ soll geschafen ginn;
  9. Den intellektuellen Besëtztëm soll online effikass geschützt ginn;
  10. Garantien fir een Qualitéitsjournalismus sollen definéiert ginn.

Dir wëllt méi wëssen? Hei ass dee ganzen Text:

0 Äntwerten to “10 Geboter. Fir den Internet ?”


Kommentaren si gespaart.